Bild

Transformers War for Cybertron (Xbox 360, PS3 & PC)

Wéi der gesidd ass desst den Autobot Jazz Pre-order Exclusive Versioun vun Amazon.co.uk. Waat awer net vill genotzt huet an och gott sei dank well High Moon Studios, d’Entweckler vum Spill een DLC no enger kurzer Zäit erausbruecht haaten déi die dräi Pre-order Exclusive Figuren ( Autobot Jazz, Shockwave an den Demolishor)  enthaalen gehaat huet. Et koum ebenfalls een aaneren DLC wou een puer Multiplayer Maps dobäi kruet huet an ech sin mer net méi secher mee féier nei Transformers dobäi kruet huet den Onslaught, den den Zeta Prime, d’Arcee an den Dead End.
Grafik vum Spill ass net schlecht gemaach leider sin Texturen extrem Schwaach ausgefahlen vun den Charakteren.
Den Gameplay, ass net schlecht, et konnt zwar besser sin. Well Spill ass een Old School Shooter daat heescht einfach nemmen droplass ouni iergendwelch Taktik wéi bei Unreal Tournament zum Beispill. Spill huet keen Deckungssystem à la Gears of War oder Mass Effect waat ech schon extrem Schued fannen. Am Multiplayer System ass zwar net schlecht gemaach fir een Transformers Spill dass een sech opleveln wéi Rainbow Six Las Vegas, mee et kann den Transformer net äusserlech vill veränneren waat ech och e beschen Schued fannen. Spill ass een Third Person Spill an waat ech och schlecht gemaach ass woar dass den Charakter extrem lenks vum Bildschirm ass waat zwar net am Multiplayer gesteiert huet mee an der Campaign, well och ouni richtegen Deckungsystem konnte een sech op Old School art a Weiss an Deckung stellen, wann een sech Lenks an Deckung gestallt huet gung et well een dann erauskucken konnt , mee wann een sech recht an Deckung gestalt huet gung et net mei well fir ze scheissen musst een ganz aus der Deckung erausgoen well een soss neicht gesin huet mei.
Story an sech ass cool gemach well et firun G1 oofspillt.
Fazit zu desem Spill ass dass Spill zwar net schlecht ass awer Gameplay un den Transformers Armada Spill vun der PS2 nach net erunkennt. Trotz dass Grafik besser ass wéi op der PS2, an dass een vill cool G1 Charakteren dran huet. Spill ass zwar besser wéi Transformers Revenge of the Fallen Spill daat ass secher. Spill mecht och puer Stonnen extremst Spass vor allem Multiplayer technesch mee et konnt nach besser gemaacht gin. Ech hoffen nemmen dass High Moon Studios an dem nächsten Transformers War for Cybertron Spill och een Deckungssystem mat eranbauen an dass se Positioun vom Charakter am Spill e beschen änneren esou dass een sech och an den rechten Eck vum Bildschirm kann verschanzen an trotzdem an der Deckung scheissen kann.

Kommentar verfassen