Bild

Transformers Fall of Cybertron

Transformers Fall of Cybertron ass een Mega gäilt Spill an ass vun High Moon Studios gemaach gin daat schon den Transformers War for Cybertron an Transformers Dark of the Moon gemaach huet. Wobäi den Transformers Dark of The Moon daat schwächest Spill vun hinnen momentan ass.
Wéi der gesidd haat ech démols déi Versioun kaaft mam G1 Optimus Prime Skin dobäi deen awer méi Spéid och an engem DLC Pack erofzelueden konnt an ëmmer nach kann.
Spill huet een extremen gäilen Soundtrack an et ass schued dass deen nik vun High Moon Studios op enger CD Veröffentlicht gouf. Mee et kann een all Tracks op Youtube läuschteren.
Grafësch ass et een Festschmauss fir d’Aan, et ass nees mat der Unreal 3 Grafesch Engine opgebaut an gesäit nëmmen mega aus.
Story ass super an et ass Atemberaubend vun Uefank bis zum Schluss. Ech haat uefank e beschen Zweifel dass Story nik esou gudd gët well een nik wéi am War for Cybertron d’Autobot an Decepticon Campaign wässeln sondern dass et eng Geschicht ass déi beid Fractiounen an enger Geschicht an Luppe hëlt. Mee High Moon Studios erzielt Geschicht einfach nëmmen saugudd an ass souguer besser wéi déi vum War for Cybertron.
Den Gameplay vun der Geschicht ass einfach nëmmen Mega wéi schon gesoet, an et verleeft immens flësseg vun Autobot an Decepticons Geschicht. Et kann een och Waffen upgraden an ebensou e beschen sech selwer an der Campaign awer och am Multiplayer. Sie hun och daat endlech verbessert waat den War for Cybertron eben als Mangel haat dass een seng Waff elo vun dem rechtsen oder lenken Arm kann switchen fir am Spill besser Deckung ze hun.
Den Multiplayer ass wirklech nees gudd gemaach wann een fair spillt waat awer ëmmer schwéierer gëtt well déi meeschten Spiller nik op Fairplay baséieren sondern op Glitchen…Verschidden Maps hun vor allem bei der Scientist Class extrem Glitchméiglechkeeten. An jo daat mëscht Spill an sech schon futti…
Den Multiplayer Modus huet och een neien Spill Modus dobäi kruet an zwar Headhunter. An Escalation ass wéi ëmmer dobäi.
Een Mangel deen ech just am Transformers Fall of Cybertron fonnt hun ausser daat Glitchen wou sie näicht geännert hun ass dass se nik nach nei Maps als DLC eraubruecht haaten…
Mee et huet een doweinst méi Meiglechkeeten sein Charakter am Multiplayer ze gestalten.
Am groussen an ganzen ass mein Fazit zu deem Spill extrem Positiv an huet den Transformers Armada Spill vun der PS2 vum Troun definitiv erofgehäit. An kann et ierg just empfehlen.

Kommentar verfassen