Bild

Transformers Fall of Cybertron

Transformers Fall of Cybertron ass een Mega gäilt Spill an ass vun High Moon Studios gemaach gin daat schon den Transformers War for Cybertron an Transformers Dark of the Moon gemaach huet. Wobäi den Transformers Dark of The Moon daat schwächest Spill vun hinnen momentan ass.
Wéi der gesidd haat ech démols déi Versioun kaaft mam G1 Optimus Prime Skin dobäi deen awer méi Spéid och an engem DLC Pack erofzelueden konnt an ëmmer nach kann.
Spill huet een extremen gäilen Soundtrack an et ass schued dass deen nik vun High Moon Studios op enger CD Veröffentlicht gouf. Mee et kann een all Tracks op Youtube läuschteren.
Grafësch ass et een Festschmauss fir d’Aan, et ass nees mat der Unreal 3 Grafesch Engine opgebaut an gesäit nëmmen mega aus.
Story ass super an et ass Atemberaubend vun Uefank bis zum Schluss. Ech haat uefank e beschen Zweifel dass Story nik esou gudd gët well een nik wéi am War for Cybertron d’Autobot an Decepticon Campaign wässeln sondern dass et eng Geschicht ass déi beid Fractiounen an enger Geschicht an Luppe hëlt. Mee High Moon Studios erzielt Geschicht einfach nëmmen saugudd an ass souguer besser wéi déi vum War for Cybertron.
Den Gameplay vun der Geschicht ass einfach nëmmen Mega wéi schon gesoet, an et verleeft immens flësseg vun Autobot an Decepticons Geschicht. Et kann een och Waffen upgraden an ebensou e beschen sech selwer an der Campaign awer och am Multiplayer. Sie hun och daat endlech verbessert waat den War for Cybertron eben als Mangel haat dass een seng Waff elo vun dem rechtsen oder lenken Arm kann switchen fir am Spill besser Deckung ze hun.
Den Multiplayer ass wirklech nees gudd gemaach wann een fair spillt waat awer ëmmer schwéierer gëtt well déi meeschten Spiller nik op Fairplay baséieren sondern op Glitchen…Verschidden Maps hun vor allem bei der Scientist Class extrem Glitchméiglechkeeten. An jo daat mëscht Spill an sech schon futti…
Den Multiplayer Modus huet och een neien Spill Modus dobäi kruet an zwar Headhunter. An Escalation ass wéi ëmmer dobäi.
Een Mangel deen ech just am Transformers Fall of Cybertron fonnt hun ausser daat Glitchen wou sie näicht geännert hun ass dass se nik nach nei Maps als DLC eraubruecht haaten…
Mee et huet een doweinst méi Meiglechkeeten sein Charakter am Multiplayer ze gestalten.
Am groussen an ganzen ass mein Fazit zu deem Spill extrem Positiv an huet den Transformers Armada Spill vun der PS2 vum Troun definitiv erofgehäit. An kann et ierg just empfehlen.

Bild

Transformers Dark of The Moon (Xbox 360 & PS3)

Et ass vun High Moon Studios kreiert gin. Spill ass leider nët esou gudd gemaach wéi Transformers Revenge of the Fallen an ass een bëllegen Offklatsch vun Transformers War for Cybertron. Et stëmmt Transformers War for Cybertron an Transformers Dark of the Moon ass vun dem een an aaneren nämlechten Studio gemaach gin, mee Controls sin gläich wéi op Transformers War For Cybertron, daat eezegt waat aanerschters ass Texturen sin nach mei schwaach an Grafik baut sech ganz schlicht extrem lues op. Spill Idee ass zwar alles schein an gudd denn et handelt sech um Virgeschicht vum Film. Mee daat woar och schon alles guddes.

Charakterenklassen sin och wéi bei Transformers War for Cybertron opgebaut an et kann een se och opleveln, mee hei geet daat alles ratzefatz e beschen ze séier mam Opleveln, an je méi heisch een Klass wiesselt desto lueser den Charakter leeft. Maps sin zwar schein designt kann een awer zum Beispill Heiser leider nët eropklammen wéi een et op dem aaneren Transformers Revenge of the Fallen Spill am Online Modus gewinnt woar, ok déi Firma déi den Transformers Revenge of the Fallen Spill gemaach hun, woar eng aaner Firma, mee High Moon Studios konnten e beschen méi leiwt an den Design an Controls brengen.

Mein Fazit zu desem Spill ass leider echt enttäuschend et ass zwar nët esou grausam schlecht wéi den aller eischten Transformers Film Spill mee et huet een méi vun High Moon Studios erwaart, ech hoffen nëmmen dass se méi leiwt an den Transformers Fall of Cybertron brengen, well daat Spill ass nees een Beweis wéi een hautzedaachs kengt Transformers Spill méi produzéiert…

Bild

Transformers War for Cybertron (Xbox 360, PS3 & PC)

Wéi der gesidd ass desst den Autobot Jazz Pre-order Exclusive Versioun vun Amazon.co.uk. Waat awer net vill genotzt huet an och gott sei dank well High Moon Studios, d’Entweckler vum Spill een DLC no enger kurzer Zäit erausbruecht haaten déi die dräi Pre-order Exclusive Figuren ( Autobot Jazz, Shockwave an den Demolishor)  enthaalen gehaat huet. Et koum ebenfalls een aaneren DLC wou een puer Multiplayer Maps dobäi kruet huet an ech sin mer net méi secher mee féier nei Transformers dobäi kruet huet den Onslaught, den den Zeta Prime, d’Arcee an den Dead End.
Grafik vum Spill ass net schlecht gemaach leider sin Texturen extrem Schwaach ausgefahlen vun den Charakteren.
Den Gameplay, ass net schlecht, et konnt zwar besser sin. Well Spill ass een Old School Shooter daat heescht einfach nemmen droplass ouni iergendwelch Taktik wéi bei Unreal Tournament zum Beispill. Spill huet keen Deckungssystem à la Gears of War oder Mass Effect waat ech schon extrem Schued fannen. Am Multiplayer System ass zwar net schlecht gemaach fir een Transformers Spill dass een sech opleveln wéi Rainbow Six Las Vegas, mee et kann den Transformer net äusserlech vill veränneren waat ech och e beschen Schued fannen. Spill ass een Third Person Spill an waat ech och schlecht gemaach ass woar dass den Charakter extrem lenks vum Bildschirm ass waat zwar net am Multiplayer gesteiert huet mee an der Campaign, well och ouni richtegen Deckungsystem konnte een sech op Old School art a Weiss an Deckung stellen, wann een sech Lenks an Deckung gestallt huet gung et well een dann erauskucken konnt , mee wann een sech recht an Deckung gestalt huet gung et net mei well fir ze scheissen musst een ganz aus der Deckung erausgoen well een soss neicht gesin huet mei.
Story an sech ass cool gemach well et firun G1 oofspillt.
Fazit zu desem Spill ass dass Spill zwar net schlecht ass awer Gameplay un den Transformers Armada Spill vun der PS2 nach net erunkennt. Trotz dass Grafik besser ass wéi op der PS2, an dass een vill cool G1 Charakteren dran huet. Spill ass zwar besser wéi Transformers Revenge of the Fallen Spill daat ass secher. Spill mecht och puer Stonnen extremst Spass vor allem Multiplayer technesch mee et konnt nach besser gemaacht gin. Ech hoffen nemmen dass High Moon Studios an dem nächsten Transformers War for Cybertron Spill och een Deckungssystem mat eranbauen an dass se Positioun vom Charakter am Spill e beschen änneren esou dass een sech och an den rechten Eck vum Bildschirm kann verschanzen an trotzdem an der Deckung scheissen kann.

Bild

Transformers Revenge of the Fallen (Xbox 360, PS3 & PC)

Spill ass vun engem aaneren Hersteller, Luxoflux. Spill huet och deskéier endlech eng Online Funktioun. Spill an sech as gudd gemaach den eezegen nodeel daat Spill huet ass dass een am Multiplayer emmer op der gleicher Stell gespawnt get an ebensou gesäit den Geigner och wou well et trellt een wei een Meteorid vum Himmel erof genausou wéi am Film waat zwar een coolen Gimmick ass mee den Geigner wees ongeféier wou du bass…

Grafesch ass et nach mei schein gin an den Soundtrack ass och net schlecht gemaach. Leider huet den Starscream net déi gläich Stëmm wéi am Film…

Den Gameplay ass deskeier och vill mei schnell gemaach well et geet op Zäit, jeh seier een den Level ferdeg huet desto besser an et krett een eng Medail am schluss enger Missioun, ausser wann een Zäit vun der Bronze Medail iwerschrett krett een näischt an et muss een den Level nachenkeier spillen. Deskeier kann een och mam Ratchet spillen an der Autobot Campaign an all Charakter huet verschidden Waffen op Lager. Wei den Sideways vun den Decepticons huet als secondär Waff Sniper, mee et kann een leider Waffen vun den Transformers wiesseln, sie sin am Spill firgin. Och hei ass d’Enn vum Spill e beschen aaneschters als déi vum Film awer vor allem op der Decepticons Campaign. Et kann een soguer een DLC um XBL eroflueden wou een puer Multiplayer Maps an puer G1 skins an Models krett.

Steierung ass wesentlech besser gemaach an et kann een elo vill méi schnell op Maueren kletteren an Gebeiher gin längst net mei sou schnell futti wéi am eischten Spill.

Mein Fazit zu desem Spill ass dass et een groussen Sprong gemaach huet geigeniwer dem eischten Spill. Trotz schechten Re-Spawn System ass Spill wirklech och hei gudd gemaach an et huet een schon e puer cool Stonnen virun sech.

 

Bild

Transformers The Game (Xbox 360, PS3, PS2 & PC)

Spill an sech woar just comme si comme ça kurz gesoet et woar net schlecht awer och net gudd. Grafesch woar et schon gudd gemaach, den Score woar och genial well en vum Steve Jablonsky komponeiert gouf, den Steve Jablonsky ass och den Komponist vum Score vun dem Transformers Film.

Den Gameplay woar interessant mee haat och puer Stellen dei extrem onfair woaren. Den Environement konnt een sou zimlech alles zersteieren. Mee do woar och ab und zou den Schwaachpunkt well Gebeier sin schon zesummengefall wann een just kurz drunkomm ass. Et haat awer och cool gimmicks mee een vun den beschten Gimmicks am eischten Transformers Spill woar dass den Shockwave schon an der Autobot Campaign op d’Erd komm ass. An an mengen Aan huet desst Spill an der Autobot Campaign een bessert Enn gehaat wei den eischten Film. Waat och schlecht gemaach ass dass d’Enweckler een baal GTA Gameplay maachen wollten mee daat net ganz durchgezunn haaten. Et haat keng Multiplayer Funktion.

Controls ass Miserable.

Mein Fazit zu desem Spill ass dass et just een Mettelmässegt Spill ass, den Score woar ganz gudd, Grafik war et och net schlecht mee daat woar et och schon.